 |
| |
 |
| in-visible, .dok-Partner |
 |
| |
|
Wëllt Dir e sprëtzegen a passenden audiovisuelle Message un d'Leit ze bréngen ? Da braucht Dir e kréative Partner deen op äer Wënsch lauschtert (ageet), an deen säin Handwiirk kennt. E Partner deen vun A bis Z alles zur Verfügung huet fir äer Produktioun fäerdeg ze maachen (deen ageriicht as mat allem wat dozou néideg as).

Seit méi ewéi 15 Joer si mir um Ball, mir
hun eng stabil Struktur opgebaut, déi och ganz kompetitiv ass
(déi sech der Konkurrenz stelle kann). Mir si spezialiséiert op all Zorte vu Filmer am Format 35 mm, Reklammfilmer a Filmer fir Schoulungszwecker fir Betrieber a Firmaën, Filmer am Zesummenhang mat Colloquen a Konferenzen, Filmer am Gesondheetsbereich, iwwert d'Sécherheet op der Aarbecht, a.s.w.
Grafik ass eis Spezialitéit. Haut kann bal keng audiovisuell Produktioun dorop verzichten. Virspaanen, bewegte Logoën, graphesch Emgeréits, apaart Ukënnegunge vu Sendungen, Spezialeffekter, synthetesch Biller, 3D-Schrëften, Trickfilmer, Zeechnungen a graphesch Maquetten am Architekturbereich.... an et gëtt der nach eng Hellewull Méiglechkeeten...
Natiirlech schloë mir iech eng ganz Gamme (Palett) vun techneschen Méiglechkeete vir: Digital Betacam Kamera, Steadicam, Internetstreaming, Video fir intern Netzer, interaktiv Produkter, an ausserdeem di klassesch Produktiounsverfahren am digitale Betacam oder op 35 mm Filmmaterial.

Mir verfügen iwwer e ganze Kamion Liichtmaterial fir künstlecht Daagesliicht, Digital Betacam Kamera, Steadicam Master Series Film, Montage op dem AVID-System, Speialeffekter op AVID DS an Discreet Combustion, Animatioun op 3dsmax an XSI. Mir si wiirklech exzellent ageriicht.
Wann Dir e Projet hutt, egal op der vill Erfahrung oder nëmmen eng kleng Aanung hutt, zéckt nët fir eis äer Froën ze stellen..
|
|
 |
 |
in-visible
7, route de Dippach
L-8225 Mamer
Luxembourg
tél : +352 31 16 64
fax : +352 31 09 94 info@in-visible.lu |
 |

 |
| Dir kënnt Iech eisen DEMO
REEL ukucken. |
 |
 |
 |
|
 |
 |
| in-visible verkeeft och professionellt Material an
Software vu groussen Marken, wéi: |
 |
 |
 |
|
 |